User Tools

Site Tools


lu:mymaps

MyMaps Funktioun



Aleedung

D‘ «Mymaps» Funktioun vum Géoportal erméiglecht et dem Benotzer seng eege Kaarten am Géoportal z‘ erstellen Des Kaart gëtt gespäichert a kann dono iwwert verschidden Weeër mat anere Benotzer gedeelt ginn:

  • versand vun engem direkte link zur Kaart
  • duerch uweisen an engem speziell dofir gëeegentem layer
  • Am Google Earth unhand vun engem KML Export
  • Ob engem mobile GPS unhand vun engem GPX Export
Wat versteet een ënner „Kaart“ an dësem Zesummenhang ?

Ënner „Kaarten“ am Kontext vun de Mymaps-Funktiounen am Géoportal versteet een:

  • Vum Benotzer gezeechent oder importéiert Inhalter (Punkten,Linnen, Flächen an Texter)
  • Wiel vum Kontext (Thematesch Kaartefënster, Hannergrondlayer an aktiv Datelayer aus dem Katalog)
  • Ausdehnung vun der ufanks ugewissener Kaart

Fir all vum Benotzer gezeechenten oder importéierten Objet kenne graphesch Parameter wei Faarf oder Linnebreet definéiert ginn.

Login


Fir eng Kaart erstellen ze kënne muss de Benotzer sech mat sengem Géoportal Benotzernumm an entspriechendem Passwuert aloggen. D’Login Schaltfläch befënnt sech am ierwechten rietsen Eck vun der Kaartefënster. Falls e Konto nach net besteet, kann en iwwert folgend Säit erstallt ginn. Nodeems de Benotzer ageloggt ass, sinn d'“Mymaps“ -Funktioune verfügbar

Eng Kaart erstellen

Iwwert den link „Nei Kaart erstellen“ gëtt eng nei „Mymaps“-Kaart ugeluecht. Den Benotzer kann dann e Titel an eng Beschreiwung fir seng Kaart uginn. De „Späicheren„ Link séchert Sämtlech Inhalter an Parameter vun der „Mymaps“ –Kaart wéi z.B. d’thematescht Kaartefënster, d’bäigefügten Layeren, d’Hannergrondkaart an d’Geographesch Positioun. Duerch d’Checkbox „Ëffentlech“ kann den Auteur vun enger „Mymaps“-Kaart, dës allgemeng zougänglech maachen iwwert en speziellen Layer am Portal tourisme.geoportail.lu. Nieft de bis elo Obgezielten Inhalter an Parameteren, kann den Auteur vun enger „Mymaps“-Kaart geographesch Objeten duerch d’Zeechnen oder Datenimport an d’Kaart afügen .


Objeten zeechnen


Fir en neie geographeschen Objet an d der Kaart bäizefügen muss en ob d’Symbol klicken dat dem Objetentyp entsprécht. Et kënne Punkten, Linnen, Flächen, oder Texter agezeechent ginn. D’Erfaassung vun engem Punkt erfollegt duerch en einfacht klicken an der Kaart. D’erfaassen vu Linnen a Flächenobjeten gëtt duerch Duebelklick ofgeschloss

Soubal en Objet gezeechent gouf, erschéngt eng Fënster mat Felder zur Angabe vun engem Titel, enger Beschreiwung, an e Bild.

Objeten importéieren

Amplaz nei Objeten an der Kaart anzezeechne kann een se och iwwert eng KML – oder GPX Datei Importéieren

  • GPX as en Format datt vu Portabele GPSen a Smartphone benotzt gëtt
  • KML as en Format datt virun allem a Verbindung mat Google Earth benotzt gëtt

Nom importéiere kënnen d‘Objeten editéiert ginn, en Bild eropgelueden ginn ,an d’graphesch Parameter (Faarf,Strëchbreet) verännert ginn. Am Editéiermodus ass et ebenfalls méiglech, d'Positioun an de verlaf duerch Verschibung vun de Stützpunkten z’änneren.

Objete beaarbechten

Et ass allzäit méiglech d’Objeten an enger „Mymaps“-Kaart ze beaarbechten. Dofir muss den Editéiermodus duerch en klick ob di entspriechend Schaltfläch ageschalt ginn an dono de Kaartenobjet de muss editéiert ginn ugewielt gin. Dono kënne sämtlech Angaben an Parameter verännert ginn : Numm, Beschreiwung, Bild, Grafik, Positioun an Verlaf.

Eng Kaart ukucken


Eng „Mymaps“-Kaart kann allzäit vum Auteur ugesi ginn. Drëtten ass d’Kaart entweder selektiv duerch d’verschécke vun engem Link, oder allgemeng duerch Verëffentlechen vun der Kaart zougänglech.

Eng „Mymaps“-Kaart opmaachen


Eng „Mymaps“-Kaart ka vun engem link aus opgemeet ginn. Duerch d’klicken ob en „Mymaps“- Link gëtt dat zur Kaart gehéierend Kaartenportal opgemeet mat enger ob de speziellen Inhalt vun dëser „Mymaps“ Kaart zentréierter vue. Vun hei aus kann een dann:

  • d’Kaart an hier Inhalter ukucken
  • d’Kaart bewäerten
  • en Kommentar zur Kaart ofginn
  • d’Kaart insgesamt oder hier Objeten eenzel exportéieren(KML,GPX)
  • en Kopie vun der Kaart erstellen


Eng Kaart an hier Objeten ukucken


All geographescht Objet vun enger „Mymaps“-Kaart kann eenzel ugeklickt ginn an ugesi ginn, dëst entweder duer auswielen an der Lëscht vun den Objeten oder am „Mymaps“-Tab oder duerch direkt Auswielen an der Kaart

Wann et sech ëm Punkten oder Texter handelt, gëtt den Titel an d’Beschreiwung vum Objet, so wie d' Bild ugewisen, En link „zoomen ob“ erméiglecht et d Kaart ob dat geklickten Objet ze zentréieren. Bei Linnenobjeten gëtt zousätzlech d’Längt ugewisen an et kann een sech d’Héichtenprofil an enger Pop-up Fënster uweise loossen. Beim bewege vum Mauszeiger iwwert den Héichtenprofilverlaf (mouse-over) gëtt déi entspriechend Positioun ob dem Linnenobjet an der Kaart ugewisen an ëmgekéiert. Bei Flächenobjete gëtt de Flächeninhalt ugewisen.

En Kommentar zur Kaart ofginn


All Benotzer, ageloggt oder net kann dem Ersteller vun der Kaart e Kommentar zoukomme loossen. Dës Komentarer ginn net gespäichert, mä just un dem Ersteller seng Email weidergeleet.

Eng Kaart bewäerten

All Benotzer, ageloggt oder net kann eng Bewäertung vun 1 bis 5 fier eng Kaart oofgin




Eng Kaart oder hier Objeten exportéieren


E Benotzer Kann entweder eng ganz „Mymaps“-Kaart oder eenzel Objete vun enger Kaart am GPX oder am KML Format exportéieren.

  • GPX ass en Format waat vu Portabel GPS Apparater a Smartphone benotzt gëtt
  • KML ass en Format datt virun allem a Verbindung mat Google Earth benotzt gëtt

Eng ganz Kaart mat sämtlechen Objete kann iwwert d’Export-Schaltfläch lenks am „Mymaps“-Tab exportéiert ginn, den Eenzelexport vun Objete gëtt ausgefouert duerch en Klick an der Lëscht oder an der Kaart vum Objet an en uschléissend Exportéieren iwwert déi am pop-up Menü erschéngend Schaltfläch.

Eng Kopie vun der Kaart erstellen


Wann en ageloggte Benotzer eng „Mymaps“-Kaart opmécht déi him net geheiert kann dëse mat der Funktioun „eng Kopie vun der Kaart erstellen“ seng ganz eege Kopie vun der Kaart an hier Objeten erstellen an dës Kaart dann weiderbeaarbechten.

Eng Kaart deelen

All Benotzer kann seng Kaart mat anere Benotzer deelen. Heifir huet en 3 Méiglechkeeten:

  • iwwert e Link
  • Iwwert dem Layer „Vu Benotzer publizéierten Inhalt“ am Kaartenportal tourisme.geoportail.lu
  • als Layer an enger him zougänglecher Kategorie an engem Kaartenportal.



All Benotzer kann seng Kaart mat drëtten deelen andeem en of d‘„Link“ Schaltfläch klickt. Hien kritt eng URL ugewisen déi en dann aneren zouschécke kann an hinnen domat Zougrëff ob Kaart ka ginn.

Iwwert dem Layer „Vu Benotzer publizéierten Inhalt“ am Kaartenportal tourisme.geoportail.lu


Wann en Benotzer d’Checkbox „ëffentlech“ lenks ënnert der Beschreiwung vun der Kaart ukraizt, verëffentlecht en seng Kaart am Layer „Vu Benotzer publizéierten Inhalt“ am Kaartenportal tourisme.geoportail.lu

An enger Kategorie

Bestëmmte Benotzer hunn dofir Zougrëff ob bestëmmt Kategorien am Layerkatalog vu verschiddene Kaarteportalen déi fir sinn virgesi sinn. Se Kënnen hier „Mymaps“-Inhalter an dës Layerkategorië bäifügen.

lu/mymaps.txt · Last modified: 2014/06/12 10:40 (external edit)