User Tools

Site Tools


lu:faq

FAQ Index

~~FAQ~~ =?

Froen an Äntwerten

??? Kann een am Guichet cartographique d'Kaarten nët méi grouss gesinn ?

!!! Dach, et ass méiglech am Menü “Optiounen” (Uewe Riets) zwëschen 3 Kaarteformater ze wielen :

  • 400×400 Pixel
  • 600×600 Pixel
  • 800×800 Pixel

Méi dozou: FR dimension_de_la_carte_affichee

??? Ech hun am guichet cartographique vum Geoportal um Gebitt vun der Gemeng Lëtzebuerg ronderem gekuckt an et ass mer opgefall dass ech, nodems ech verschidde Couchen ragelueden haat, emmer eng giel Couche déi warscheinlech d'administrativ Grenzen vun der Gemeng Letzebuerg duerstellt an der Vue haat. Ech denken dass se opgetaucht ass nodems ech iwert eng gewessen Echelle erausgezoomt haat? Déi Couche geet awer nit méi fort, och wann ech di verschidde Layeren ausschalten. Ass dest esou gewollt? Ech weess nit wou déi giel Fläch hier kennt.

!!! Dir hutt Iech wahrscheinlech mat den Lokalisatiounsfunktiounen op d'Gemeng Lëtzebuerg zentréiert, an dann markéiert de Geoportal effektiv den ganzen Terrain vun der jeweileger Gemeng mat enger gieler Fläch. Déi Fläch kann een, genau sou wéi di Markéierungen vun denen aneren Lokaliséierfunktiounen (Parzell, Lokalitéit) wegmaachen andeem een op dee Knäppchen zimmlech ënnen dréckt “D'Auswiel läschen”.

??? Wann een eng Bestellung mecht fir Extrait aus dem Kadasterplang (Commodo-Incommodo Prozedur), ass do dann automatesch och de “relevé parcellaire” dobäi oder muss een deen separat bestellen ?

!!! Am Produkt “Extrait aus dem Kadasterplang (Commodo-Incommodo Prozedur)” ass automatesch och de relevé parcellaire dobäi vun den Parzellen déi vun der Prozedur betraff sinn. Et muss een deen also nit separat bestellen.

??? Muss Een registreiert sin fier eng Bestellung kënnen fierzehuelen?

!!! Jo, nëmmen registreiert Benotzer mat engem Passwuert kënnen op de Menü “Bestellen” zougréifen an do eng Bestellung maachen. Domatter ass garantéiert, dass de Client d'legal Bedingungen fir den Geoportal respektéiert an dass bei der Kadasterverwaltung d'Liwweradress bekannt ass.

??? Een Ënnerkonto dat nëmmen Extra-Rechter an der Kaartefënster an am Katalog krut, huet dee Accès zu méi Inhalter wéi de Grand Public ? Wann jo, wat sinn di extra Rechter, a wann neen, huet sou ee Konto iwwerhaapt ee Sënn ?

!!! Sou een Ënnerkonto kann vum Haaptkonto deem séng Extra-Rechter ierwen, wann den Verwalter vum Haaptkonto déi Rechter activéiert huet. Am Fall vun der Kaartefënster kënnen dat z.B. extra Layere sinn, déi nit public sinn, manner Restriktiounen bei der Iwwerlagerung vu Layeren oder bei dem verfügbaren Massstabsberäich. Am Katalog kënnen z.B. nit öffentlech, intern oder provisoresch Produkter siichtbar sinn.

An deem Sënn kann sou ee Konto brauchbar sinn, awer effektiv, wann den Haaptkonto selwer keng speziell Rechter an denen Beräichter huet, dann huet den Ënnerkonto de facto nit méi Méiglechketen wéi de Grand Public, deen nit ageloggt ass.

??? Ech géif gären wëssen wéi laang et dauert zwëschen enger Bestellung an der Liwwerung iwwert d’Post (CD an/oder Pabeier). Merci

!!! Et ass onméiglech fir een eenzegen Zäitraum unzeginn well :

  1. D’Dauer hängt vum Produkt of : verschiddenener kënnen deelweis automatesch gemaach ginn, anerer brauchen manuell Interventiounen
  2. D’Dauer hängt staark of vun der Gesamtzuel vun de Bestellungen und vun den zur Verfügung stoende Ressource

Ee wichtege Faktor ass d’Bezuelen : soulaang eisen ePaiement-Modul nach nit aktiv ass, ginn klassesch Rechnungen opgestallt a mat der Post verschéckt. En attendant dass se bezuelt gëtt bleiwt d’Bestellung suspendéiert, a soubal d’Rechnung bezuelt ass, ginn déi bestallte Saache geliwwert. Fir professionell Client’en vun der Kadasterverwaltung gëtt et eng Méiglechkeet fir dese Prozess méi séier ze maachen : andeems si ufroen fir ee Konto an der Keess vum Kadaster ze kréien, kënnen hir Rechnungen während engem ganze Mount gesammelt ginn an dann a Form vun enger eenzelner Gesamtrechnung 1 x pro Mount verschéckt ginn.

??? Ech hunn een Devis ugefrot am Geoportal iwwert 6 Kaarteblieder vun der topographescher Kaart 1/20000. Awer am Resumé vun der Bestellung fannen ech kee Präis.

  1. Wéivill kascht den Download vun engem Kaarteblat ?
  2. Wéivill kascht den Download vun alle Blieder vum ganze Land ?
  3. Wéi geet d’Bezuelung ?

!!! Et ass wouer dass Bestellungen am Geoportal (nach) nit ganz automatesch oflafen, an domatter nit « instantané » sinn, wéi Dir et vläicht gewinnt sidd vu verschidden anere Siten. Dat läit dorunner, dass d’Prozeduren beim Fournisseur vum genannte Produkt (Kadasteramt) verschidden manuell Etappen virgesinn. Awer vis-à-vis vun enger Bestellung via Post an och wéinst der deelweis automatiséierter Datenextraktioun misst eng Bestellung iwwert de Geoportal méi séier oflafen wéi eng « klassesch ».

Den Devis funktionéiert d’selwescht : Verschidden manuell Etappen sinn och hei, wéi z.B. d’Präisberechnung an d’Validatioun vum Supérieur hiérarchique. Soubal den Devis fäerdeg ass, gëtt de Résumé vun der Bestellung/Devis aktualiséiert an Dir kënn mat Ärem Login dese Résumé an den Devis kucke goen am Geoportal, ënnert « Meng Bestellunge verwalten ». Fir doraus eng Bestellung ze maachen, geet dat mat e puer Klicken (Klick op de Caddie niewent dem Résumé, Case « Bestellung » cochéieren a fortschécken).

Zu de Präisser : Kuckt w.e.g am entspriechende Règlement Grand-Ducal no, oder waart op den Devis deen Dir ugefrot hutt.

Bezuelen : Soulaang eis ePayement Léisung nach nit aktiv ass, geschitt d’ Bezuelung ganz klassesch. Bei all Bestellung gëtt eng Rechnung mat der Post geschéckt a gewaart bis ze bezuelt ass. Réicht dann gëtt alles geschéckt oder fräigeschalt fir den Download.

??? Wéi fonktionnéiert d'Bestellung vun engem Extrait vun der Toposkaart 1:5000 ?

Firtéischt muss der iech matt der Lokalisatioun op der Kaart dohinner beweegen, wou der een Extrait braucht. Dono kënnt der unhand vun deem weisse Feil [1] an der Kaart ee Rechteck molen [2]. Dee Rechteck muss mindestens 1km2 grouss sin. Dono kënnt der matt der Bestellung weidermaachen.

lu/faq.txt · Last modified: 2012/01/02 16:16 (external edit)